Keen hat geduecht datt et haut eng Douane’s Musek géif ginn, déi esou vill opzeweisen huet, och wann se nach ëmmer keen eegene Prouwesall huet, nodeem sech de 15. Mee 1992 eng 16 Kollegen aus der Douane zesumme mam deemolegen Adjutant Paul Dahm vun der Militärmusek an enger éischter Prouf am Casino syndical zu Bouneweg gesinn hu fir d’akademesch Sëtzong vun der 75-Joer-Feier vun der Association des Douaniers Luxembourgeois A.D.L. am September 1993 ze verschéineren. Haut kënnen d’Musikantinnen a Musikanten aus der Douane’s Musek awer d’Prouwesäll vun hire Frënn aus der Märeler Musek an der Stad Lëtzebuerg- Lampertsbierger Musek benotzen. Ënnert dem Impuls vum Jean-Pierre Reuter, deen an der Grënnungsversammlung vum 15. Oktober 1993 den éischten a bis haut eenzege President ginn ass, ass dat Kand vun deemools en dichtegen Erwuessene ginn. Als éischte Sortie am Liewe vun der Douane’s Musek notéiere mer d’Participatioun um Cortège am Kader vun „En Dag am Minett“ zu Bieles, den 20. September 1992, also 4 Méint no der éischter Prouf. Duerno huet sech d'Douane’s Musek nach un der Matthäus-Feier - dem Patronatsfest vun den Douanieren - an um internationalen Finanzturnéier am Stadion Josy Barthel bedeelegt. Den 28. Juni 1993 ass op der Place d’Armes en éischte Concert gespillt ginn. Den 11. September ass en zweete Concert zu Uespelt gespillt ginn, éier de 17. September 1993 op der scho genannten akademescher Sëtzong de «Marche des Douanes et Accises», komponéiert vun hirem Dirigent Paul Dahm, eng éischte Kéier opgefouert ginn ass. Nodeems schonn dat éischt Joer ouni offiziell Statuten eriwwer wor an erëm eng Kéier d’Matthäus- Feier wor, ass de 15. Oktober 1993 déi offiziell Grënnungsversammlung um Centre douanier ofgehale ginn. Den deemolegen Direkter Marc Schloesser ass, fir all seng Beméiungen, déi et méiglech gemat hunn datt eng Musek an der Douane konnt op d’Bee gestallt ginn, vun de Grënnungsmemberen eestëmmeg als Éierepresident proposéiert ginn, wat hie mat vill Freed ugeholl huet. Am Laf vun deene méi wéi 20 Joer wou d'Douane’s Musek elo besteet kann een dann och scho vu richtegen Traditioune schwätzen, well et gi verschidde Geleeënheeten déi all Joer erëm kommen. Do si wéi scho gesot d’Patronatsfest vun den Douanieren an de Concert op der Place d’Armes. Niewent ganz ville Concerten uechter d’ganz Land, kann ee soen datt déi 2 Concerten mam Änder Hirtt & Friends an dem Sträicherensembel vum Vania a Judith Lecuit an der Philharmonie 2008 an um Knuedler 2009 als gréissten Optrëtter hei am Land ze ziele sinn. Och huet d’Douane’s Musek net de Wee iwwer eis Grenze gefaart an huet schonn en etlech Optrëtter am Ausland gehat wéi zu Aachen, Antwerpen, Calella (E), Mülheim/Mosel, Orscholz, Prüm an | Tréier, fir nëmmen déi ze nennen. E weidere grousse Concert wor als Ofschloss vun de Feierlechkeete fir den 20. Gebuertsdag am November 2013 an der Schwäiz mat de Kollege vun der Schaffhausener Zollmusik. Natierlech kascht eng Musek och e Batz Suen an esou hunn déi Responsabel vun der Douane’s Musek keng Méi gescheit fir déi eng oder aner gréisser Organisatioun unzegoen. Zesumme mat de Kollege vum Douane’s Football huet d'Douane’s Musek während Joren den Douane’s Bal organiséiert, deen et haut leider net méi gëtt. Eng éischt CD, eng Live- Opnam grad esou wéi déi 6 wou nach duerno eraus komm sinn, ass 1996 opgeholl. D’Douane’s Musek huet awer och un anerer geduecht a schonn a senge Statute festgehalen, datt all Joer ee Concert fir de gudden Zweck gespillt gëtt. Gutt 40 Musikantinnen a Musikante bréngen Zefriddenheet a vill Begeeschterong mat an d’Douane’s Musek. Och wann am Ufank de Style enger klassescher Duerfmusek entsprach huet, esou ass ënnert dem Impuls vum dynameschen Dirigent Paul Dahm méi d’Richtong vun enger Big-Band oder Show-Band mat Sänger respektiv Sängerin wéi dem Danielle Kohll, Tania Welter, Sandy Botsch, Kim Scheiden, Änder Hirtt, Misch Stimpfl a Claude Hoffmann, repektiv Soliste wéi dem renomméierten Trompettist Tony Schuster ageschloe ginn. Vill Fläiss a gutt besichte Prouwen hunn ëmmer méi en héijen Niveau bruecht. Den 18. Dezember 2013 huet Douane’s Musek zu Äischen virun engem vollbesate Sall hire leschte Concert ënnert hirem Dirigent Pol Dahm gespillt. D’Sängerinnen a Sänger, déi an all deene Joren mat der Douane’s Musek opgetruede sinn, sinn alleguer komm fir dëse groussaartege Concert ze verschéineren. Zum Schluss huet de Pol Dahm dann d’Direktioun vun der Douane’s Musek u säi Kolleg vun der Militärmusek, den Adjutant Ernie Hammes iwwerginn. Dräi Joer méi spéit ass e weidere Wiessel um Dirigentepult ze verzeechne gewiescht. An der Persoun vum Saarlänner Markus Willems ass zënter 2017 en neie musekaleschen Direkter un der Spëtz vun der Douane’s Musek. 25 Joer no senger Grënnung ass Douane’s Musek net nëmmen op musekaleschem Niveau gewuess mä och altersméisseg e gutt Stéck méi al ginn. Den Duerchschnëttsalter läit liicht iwwer 60 Joer wat doduerch bedéngt ass datt kee gréisseren eegenen Nowuess ze verzeechnen ass an déi eeler Kollege bis an den héijen Alter derbäi bleiwen, wat op eng flott Komerodschaft zréck ze féieren ass. |